D'Andreaskräiz ass e Kräiz dat sech aus zwou Dunnen zesummesetzt, déi sech diagonal kräizen. Et gläicht dem Buschtaf X, de Chi am griicheschen Alphabeth.

Andreaskräiz

Den Numm huet et vum Apostel Andreas deen der Traditioun no op sou engem Kräiz higeriicht gouf.

Andreaskräiz am Bau änneren

D'Andreaskräiz gehéiert zu der Basis vun de Fachwierkskonstruktiounen, a gëtt do och dacks gebraucht fir ze verschéineren.

 

Andreaskräiz als Geforesymbol änneren

An der Chimie gëtt d'Andreaskräiz als Geforesymbol gebraucht fir Produkter déi reizen (Xi), a fir där déi gesondheetschiedlech sinn (Xn).

Andreaskräiz op Fändelen a Wopen änneren

Et ass op ville Wopen a Fändelen erëmzefannen. Mat dee bekanntsten ass de Fändel vu Schottland, dat en dann och am Fändel vu Groussbritannien erëm fënnt, an an all de Fändelen déi dovun ofgeleet si wéi z. B. de Fändel vun Australien an de Fändel vun Néiséiland.

Andreaskräiz als Verkéierszeechen, an an de Verkéierszeechen änneren

Am lëtzebuergesche Code de la Route fënnt een d'Andreaskräiz op follgende Schëlter.

Um Spaweck änneren

Commons: Andreaskräizer – Biller, Videoen oder Audiodateien