Den Andrea Riccardi, gebuer 1950 zu Roum, ass en italieeneschen Historiker a Grënner vun der Comunità di Sant'Egidio.

Den Andrea Riccardi zu Oochen am Joer 2009

De Riccardi ass zanter 1981 Universitéitsprofesser fir Nei Geschicht, Geschicht vum Chrëschtentum a Reliounsgeschicht op der staatlecher „Universitéit III“ (Università degli Studi Roma Tre) zu Roum (Fakultéit: Lettere e Filosofia).[1]

2009 krut hien de Karlspräis fir säin Asaz géint den Aarmut a fir de Fridden.[2].

Um Spaweck änneren

Commons: Andrea Riccardi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Università degli Studi Roma Tre: Elenco docenti di Lettere e Filosofia: Prof. Andrea Riccardi Gekuckt de 6. August 2006
  2. FAZ: „Der Mann, der in kein Schema passt“ (21. Mee 2009)