André Heller

éisträichesche Sänger, Jornalist, Auteur a Kënschtler

Den André Heller, gebuer den 22. Mäerz 1947, ass en éisträichesche Kënschtler a fréiere Journalist, Sänger an Auteur.

André Heller
Gebuer 22. Mäerz 1947
Wien
Nationalitéit Éisträich, Frankräich
Aktivitéit Filmregisseur, Schrëftsteller, Lidderschreiwer, Dréibuchauteur, Kënschtler, Museker, Filmschauspiller, Schausteller, Sculpteur, Theaterschauspiller, Radiosspeaker, Schauspiller, Artisteschen Direkter
Partei SPÖ
Famill
Bestuet mat Erika Pluhar

Den André Heller kënnt aus enger Wiener jiddescher Famill, déi Schnékereien (Dragéeën) fabrizéiert ("Gustav & Wilhelm Heller"). Hie ass de Bouf vum Stephan Heller (1895−1958).

Als jonke Mann war hien ze soen all Dag am Café Hawelka, wou e mat Schrëftsteller wéi dem Friedrich Torberg, H. C. Artmann, Hans Weigel, Helmut Qualtinger, och alt dem Elias Canetti diskutéiere konnt. Hien huet seng Première ofgebrach a Schauspillcourse beim Hans Weigel an der Elfriede Ott geholl.

Zanter 1964 huet den Heller Prosa, Gedichter a Lidder geschriwwen. Tëscht 1965 an 1967 war e Schauspiller a verschiddene Wiener Avantgarde-Theateren.

1967 huet en Ö3 matgegrënnt, d'Popmusik-Statioun vum Radio ORF, an huet do d'Musicbox moderéiert. 1976 huet en zesumme mam Bernhard Paul den Circus Roncalli op d'Bee gesat.

Tëscht 1976 an 1981 huet den André Heller a verschiddene Filmer matgespillt, dorënner dem Hans Jürgen Syberberg säin Hitler, dem Radu Gabrea säi Fürchte Dich nicht Jakob an dem Johannes Schaaf säin Doktor Faustus.

Hien huet bis 2010 14 Bicher publizéiert, dorënner d'Kuerzgeschichte-Sammlungen Die Ernte der Schlaflosigkeit in Wien, Auf und Davon, Schlamassel an Als ich ein Hund war, de Roman Schattentaucher, d'Gedichtersammlung Sitzt ana und glaubt, er is zwa mam Helmut Qualtinger, an d'Billerbicher Jagmandir - Traum und Wirklichkeit an Die Zaubergärten des André Heller.

Den André Heller war den artisteschen Direkter vum Kulturprogramm ronderëm d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland. Säi Spektakel fir d'Première war am leschtem Ament ofgesot ginn, well d'Organisateuren ëm de Wues gefaart haten.

Tëscht 1968 an 1983 huet den Heller 15 Plakken erausginn, op deenen en als Liddermécher seng eege Kompositioune gesongen huet. 1998 huet en de Baussen-Design vun enger Spezialeditioun vun der 24-bänneger Brockhaus-Enzyklopedie 2000 gemaach.

Hien huet d'Swarovski Kristallwelten zu Wattens an Tiroul matentworf. 2006 huet en op d'Demande vum Gemengerot vun Esch-Uelzecht e Plang entworf, fir d'Brillplaz ("Place de la Résistance") nei z'amenagéieren. Dee gouf awer, wéinst staarke Protester dogéint, net realiséiert.

Um Spaweck änneren