Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Fürstentum Andorra (katalounesch: Principat d'Andorra) ass e klengen onofhängege Staat am Südweste vun Europa. Den Zwergstaat läit matzen an de Pyrenäen, tëscht Spuenien (Katalounien) a Frankräich (Departementer Ariège a Pyrénées-Orientales).

Principat d'Andorra

Fändel vun Andorra

Wope vun Andorra

Detailer

Detailer
National Devise: Virtus Unita Fortior
Offiziell Sprooch: Katalounesch
Haaptstad: Andorra la Vella
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Landeschef: Emmanuel Macron
(Franséische Koprënz)
Joan Enric Vives i Sicília
(Episkopale Koprënz)
 • Regierungschef: Xavier Espot Zamora
Fläch: 468 km²
Bevëlkerung: 85 580[1]
 • Bevëlkerungsdicht: 182,9/km²
Onofhängegkeet: 1278
Nationalfeierdag: 8. September
Nationalhymn: El Gran Carlemany
(Lauschteren)
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .ad
Internationalen
Telefonsprefix
:
+376

Andorra gouf den 8. September 1278 gegrënnt an ass a senge Grenzen zanterhier net changéiert.[2]

D'Funktioun vum Staatschef ass historesch an zwee gedeelt. Fréier waren de Grof vu Foix am Norden an de Bëschof vun Urgell am Süden zesumme fir d'Land zoustänneg. Wéi de Kinnek Henri vun Navarra, deen och Grof vu Foix war, als Henri IV Kinnek vu Frankräich gouf, hunn déi franséisch Herrscher, respektiv Presidenten d'Roll vum fréiere Grof vu Foix iwwerholl. Haut sinn deemno de franséische President an de Bëschof vun Urgell allebéid Koprënze vun Andorra. Hir Roll ass allerdéngs éischter representativ a symbolesch.

Geographie änneren

D'Land läit an engem Héichdall vun de Pyrenäen. Iwwer en Drëttel läit méi héich wéi d'Bëschgrenz. Den héchste Bierg ass de Coma Pedrose mat 2.946 Meter. Den Dall Vall del Madriu Perafita-Claror, deen zanter 2004 op der Lëscht vum UNESCO-Weltierwe steet, beleet ongeféier zéng Prozent vun der Fläch vun Andorra.

Klima änneren

Wéinst senger Héichlag huet Andorra en zimmlech killt Biergklima. Am Januar ass d'Duerchschnëttstemperatur -7 °C an am Summer 26 °C.

Politik änneren

Andorra ass Member vun de Vereenten Natiounen

Administrativ Andeelung änneren

  Andorra ass a siwe Paren (Parròquies am Sënn vu Gemengen, Regiounen) agedeelt:

Bevëlkerung änneren

Andorra huet 85.580 Awunner (31. Dezember 2015 [1]), dovu sinn:

  • Katalanen: 29 535 (36,4 %),
  • Spuenier: 27 638 (34 %),
  • Portugisen: 15 789 (15,7 %),
  • Fransousen: 5 104 (6,3 %),
  • Anerer: 6 156 (7,6 %).

All Joer wiisst d'Bevëlkerung ëm 5,0 %. Am Duerchschnëtt ginn d'Leit 83,5 Joer al. Vun de Bëbeeë stierwen der 0,6 %, a vun de Kanner 0,7 %. 95 % vun der Populatioun lieft a Stied. Den Duerchschnëttsalter läit bei 40,34 Joer.

Sproochen änneren

Katalounesch gouf an der Constitutioun vun 1993 als offiziell Sprooch vun Andorra festgeschriwwen an et ass och déi Sprooch déi vun der Majoritéit vun den Andorraner (58,3 %) geschwat gëtt. Spuenesch gëtt vun 37,3 % vun de Leit geschwat, 3,5 % hu Portugisesch an 2,2 % Franséisch als Mammesprooch.[3]

Relioun änneren

Bei de Konfessiounen iwwerweit de Réimesch-kathoulesche Glawen.

Sport änneren

Rullschunghockey a Rugby gehéieren nieft dem Wantersport zu de populäerste Sportaarten. 2005 war Andorra Organisateur vun de Spiller vun de klenge Länner.

Literatur änneren

  • Meritxell Mateu & François Luchaire, La Principauté d'Andorre hier et aujourd'hui; Paräis (éditions Economica), 1999; 154 S.; ISBN 2-7178-3872-4

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 CIA World Factbook - Country Comparison:: Population 2015
  2. Dokument vun der 61. Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen (2006)
  3. Anuari estadístic 2007 (Servei d'Estudis)

Um Spaweck änneren

Commons: Andorra – Biller, Videoen oder Audiodateien