Anatoli Nikolajewitsch Perminow

Den Anatoli Nikolajewitsch Perminow, wëss. Transliteratioun Anatolij Nikolaevič Perminov; gebuer de 16. Juni 1945 am Oblast Kirow, Russesch SFSR, UdSSR ass mat Beschloss vun der Regierung vum russesche Staatebond den 12. Mäerz 2004 zum Leeder vun der russescher Raumfaartagentur Roskosmos ernannt ginn. Hien ass bestuet an huet e Jong. Virdru war hie Chef d'État-major vun de strategesche Rakéitentruppen a vun 2001 u Kommandant vun de Weltraumtruppe vu Russland.[1]

Anatoli Nikolajewitsch Perminow
Gebuer 16. Juni 1945
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Ingenieur, Universitéitsprofesser
Partei Eenegt Russland

De Perminow ass Kandidat vun den technesche Wëssenschaften a Professer vun de Militärwëssenschaften.[2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Berliner Zeitung: Interview mit Anatoli Nikolajewitsch Perminow
  2. Roskosmos: Biographie Perminows (russesch)