Den Amiot 143 war en zweemotorege franséische Bommefliger am Zweete Weltkrich, dee vun der SECM Amiot ënner der Leedung vum Félix Amiot gebaut gouf.

Amiot 143
Konstrukter FRAFRA SECM Amiot
Typ Dag- an Nuetsbomber
1. Fluch 12. Abrëll 1931
(Amiot 140)
An Déngscht geholl 1936
Ausrangéiert 1944
Gebaut Fligeren 138
Equipage
5
Motorisatioun
Motor Gnome et Rhône 14K Mistral Major
Zuel 2
Typ Stäremotor
14 Zylinder
Leeschtung
pro Motor
870 PS
Dimensiounen
Längt 18,94
Héicht 5,68
Flillekefläch 100
Massen
Eidelt Gewiicht 4 875 kg
2 720 Liter
Max. Startmass 10 360
Fluchleeschtungen
Ofrëssvitesse 120 km/h
Max. Fluchhéicht 7 900 m
Reechwäit 1 300 km
Waffen
Maschinnegewierer 4 7,5-mm MAC 1934
Bommen 780 bis 1 600 kg

Geschicht änneren

Am Ufank vum Joer 1928 huet de Ministère de l'Air eng Ausschreiwung fir en neie Fliger gemaach. Et sollt ee Fliger fir e puer Mann sinn dee Bombardementer am Dag wéi an der Nuecht konnt maachen. Véier Konstrukteren haten hir Propositiounen eraginn, Blériot, Bréguet, SACP a SECM-Amiot.

Amiot krut den Zouschlag fir säin Amiot 140M (M fir multiplace). Am November 1933 goufe 40 Fligere bestallt plus 2 Prototyppen déi Amiot 142 an Amiot 143 gedeeft goufen. Den 142 gouf no sengem éischte Fluch am Februar 1935 als 143 ëmgebaut.

Dem Amiot, war grad wéi de Bloch MB-131 an aner franséisch Fligere vun där Zäit, wéi en an Déngscht geholl gouf, schonn iwwerlieft. E war am Fligerjargon als bon à rien, mauvais en tout klasséiert.

Vun all den Amiot143 huet een iwwerlieft a steet um Fluchhafen Nantes-Atlantique

Amiot 143 zu Lëtzebuerg änneren

En Amiot 143 huet an der Nuecht vum 11. op den 12. Abrëll 1940, am Ufank vum Zweete Weltkrich, no enger militärescher Loftopklärung iwwer Däitschland, an den Hecken tëscht dem Heinenhaff a Feelen, missen noutlanden. E gouf vum Capitaine Marcel-Pierre Faure, dem spéidere franséische Generol. Vum Dr.Charles Marx a Leit déi him gehollef hunn, ass hien dunn heemlech - Lëtzebuerg war deemools nach en neutraalt Land - zesumme mat sengem Chef-Adjutant Charles Lherbiet a Frankräich zeréckbruecht ginn, wat no der däitscher Invasioun vu Lëtzebuerg e Nospill krut.

Um Spaweck änneren

Commons: Amiot 143 – Biller, Videoen oder Audiodateien