Den Amedeo Modigliani, gebuer den 12. Juli 1884 zu Livorno an der Toskana, a gestuerwen de 24. Januar 1920 zu Paräis, war en italieenesche Kënschtler mat jiddeschen Originnen, de gemoolt a sculptéiert huet.

Amedeo Modigliani
Gebuer 12. Juli 1884
Livorno
Gestuerwen 24. Januar 1920
Paräis
Doudesursaach Vergëftung
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Zeechner
Famill
Liewenspartner(in) Beatrice Hastings
Kanner Jeanne Modigliani

Den Amedeo war dat véiert Kand vum Flaminio Modigliani a senger Fra, der Eugenia Garsin. Nodeem sengem Papp säi Geldwiessel-Geschäft faillite gaange war, huet d'Famill an Aarmut gelieft. Mat 14 Joer huet den Amedeo ugefaange matmolen. Seng schlecht Gesondheet huet et him net erlaabt, mat sengen Etüd weiderzefueren. Tëscht 1901 an 1905 ass en duerch Italie gereest fir sech z'erhuelen. Déi meescht Zäit huet en a Muséeën domat verbruecht, sech zu Roum, zu Florenz an zu Venedeg déi al Meeschteren unzekucken.

1906 koum en op Paräis, wou en dräi Joer blouf. Seng éischt Paräisser Biller erënneren un den Toulouse-Lautrec.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Wierker änneren

...

Um Spaweck änneren

Commons: Amedeo Modigliani – Biller, Videoen oder Audiodateien