Den Ambiorix war e Fürst oder Kinnek vun den Eburonen, engem Stamm an der réimescher Provënz Gallia Belgica. D'Eburonen hu sech ënner dem Ambiorix 54 v. Chr. géint d'Réimer revoltéiert an hinnen eng empfindlech Néierlag bäibruecht. 53-51 v. Chr. hunn d'Réimer zeréckgeschloen. Si konnten den Ambiorix awer net fänken.

Ambiorix
D'Ambiorixmonument zu Tongeren
Gebuer Gallien
Gestuerwen Gallien
Aktivitéit Militär

De Gaius Julius Caesar huet den Ambiorix a sengem Buch De Bello Gallico beschriwwen.

Den Ambiorix war bis an d'19. Joerhonnert sou gutt wéi vergiess. Eréischt no der Onofhängegkeet vun der Belsch, 1831, gouf de Personnage, well en d'Réimer geklappt hat, als "Nationalheld" opgebaut a populär gemaach. 1866 gouf him zu Tongeren eng Statu opgeriicht, déi dem Albert Uderzo warscheinlech net onbekannt war, wéi en den Astérix erfonnt huet.

Literatur änneren

  • O. Seel, "Ambiorix", in: D. Rasmussen (Hrsg.), Caesar, Wege der Forschung 43 (Darmstadt 1967) 279-338.
  • M. Rambaud, "Le 'portrait' d'Ambiorix", in: Hommages à Jean Cousin: Rencontres avec l'antiquité classique (Paris 1983) 113-122.

Um Spaweck änneren