Den Alquerque ass e Brietspill, dat virun allem a Spuenie gespillt gëtt.

Alquerque: Ufanksopstellung

Den Alquerque staamt ursprénglech aus dem Alen Egypten an ass duerch déi arabesch Länner an dat maurescht Spuenien komm.

D'Spillfeld besteet aus all Kéier fënnef horizontalen, vertikalen an diagonale Linnen. 12 Däpp ginn op déi Plaze gestallt, wou d'Linne sech kräizen, soudatt de Punkt an der Mëtt fräi bleift. Gezu gëtt - wéi beim Dammespill - vu Punkt op Punkt a geschloe gëtt duerch Sprangen.

Um Spaweck änneren

Commons: Alquerque – Biller, Videoen oder Audiodateien