Alpha Pegasi

Stär am Stärebild Pegasus

Den Alpha Pegasi ass e Stär am Stärebild Pegasus. Hien ass ronn 130 Liichtjoer vun eis ewech an huet eng visuell Hellegkeet vun 2,5 mag.

Alpha Pegasi
α Pegasi
D'Stärebild Pegasus mat dem Alpha Pegasi an der Mëtt
Stärebild: Pegasus (Peg)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 23h 04m 45.7s
Deklinatioun + 15° 12' 19"[1]
Visuell Magnitude + 2,49 mag
Spektralklass: B9.5 III
Astrometrie
Radialvitess: (−2,7 ± 0,8) km/s[2]
Parallax (24,46 ± 0,19) mas
Distanz (133,3 ± 1,0) Lj
Absolut Hellegkeet zirka −0,6 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: ?
Radius: ?
Liichtkraaft: ?
Uewerflächentemperatur ?
Aner Bezeechnungen
Bayer-Bezeechnung α Pegasi
Bonner Duerchmusterung BD +14° 4926
Bright Star Catalogue HR 8781
FK5 87
Flamsteed 54 Pegasi
Henry-Draper-Katalog HD 218045
Hipparcos-Katalog HIP 113963
SAO-Katalog SAO 108378
Tycho-Katalog TYC 1711/2475/1

Dem Stär säin eegenen Numm ass Markab (oder "Mirfak", arab. fir "Schëller"). Den Numm Markab staamt ufanks aus مركب = Päerdssuedel, duerch falsch Transkriptioun gouf doraus Mankib dat sech aus منكب الفرس = Mankib al-Faras = Schëller (vum Pegasus) hierleet.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Hipparcos-Katalog (ESA 1997)
  2. Pulkovo radial velocities for 35493 HIP stars