Alpha-Cygni-Stäre si verännerlech Stären, déi net-radial Pulsatiounen hunn. Si sinn Iwwerrisen vum Spektralklassentyp B oder A. D'Amplitud vun den Hellegkeetsschwéngunge läit am Beräich vun 0,1 mag a gesäit onreegelméisseg aus, well si op der Iwwerlagerung vu ville Schwéngunge mat änleche Periode baséieren. D'Pulsatiounen hunn typescherweis Periode vun e puer Deeg bis e puer Wochen.

De Prototyp vun dëse Stären ass den Deneb (α Cygni). Hie weist Hellegkeetsschwankungen tëscht der visueller Hellegkeet vu +1,21 an +1,29 mag.

Déi laang Perioden an der Gréisstenuerdnung vu Méint bei Alpha-Cygni-Stäre kéinten duerch den Epsilon-Mechanissem ugereegt sinn, wärend déi kuerz Periode mat enger Längt vun Deeg bis Wochen duerch de konventionelle Kappa-Mechanissem gesteiert ginn. Den Epsilon-Mechanissem berout op enger Schwéngung vun der Energiegewënnung duerch Kärreaktiounen. Bei den Alpha-Cygni-Stäre läit eng Schuel mat aktivem Waasserstoffbrennen an enger Zon mat Energietransport duerch Stralung, déi fir Instabilitéit empfindlech kéint sinn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie