Allesfrësser, och Omnivoren, Polyphagen oder Pantophagen nennt een Organismen, meeschtens Déieren, deenen hir Alimentatioun net spezialiséiert ass, (laténgesch omnivorus, „deen alles frësst“). Meeschtens ginn domat déi Déiere bezeechent, déi sech relativ ausgeglach sou gutt vu Planze wéi och vun Déieren ernieren. De Begrëff ass wëssenschaftlech awer net exakt definéiert, an et gëtt och keng prezis Ofgrenzung vun „Allesfrësser“ zu „Fleesch“- (Karnivoren) resp. zu „Planzefrësser“ (Herbivoren).

Zu den typeschen Allesfrësser ginn ënner anerem gezielt: Kakerlaken bei den Insekten, bei de Vullen d'Kuebevullen, d'Méiwen a verschidde Spatzevullen, bei de Mamendéiere verschidde Bierenaarten, vill Maarderaarten, Schwäin, Schimpansen an d'Mënschen.