Alice Sara Ott

däitsch-japanesch Pianistin

D'Alice Sara Ott, gebuer den 1. August 1988 zu München, ass eng däitsch-japanesch Pianistin.

Alice Sara Ott
Gebuer 1. August 1988
München
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Mozarteum Salzburg

D'Alice Sara Ott huet mat véier Joer géint den urspréngleche Wëlle vun hirer japanescher Mamm geléiert Piano ze spillen. Si huet schonn als klengt Kand Museksconcoursen a Fërderpräisser gewonnen, dorënner Jugend musiziert an de Most Promising Artist Award an Hamamatsu, Japan. Als jéngst Participante iwwerhaapt krut si mat 15 Joer an Italie beim Val Tidone Festival den 1. Klass Spezialpräis (99,5/100) Silvio Bengalli. Si gouf vum Karl-Heinz Kämmerling um Salzburger Mozarteum ënnerriicht an ass scho bei villen nationalen an internationalen Organisatiounen a Festivaller opgetrueden, dorënner de Classix Festival Braunschweig, d'Züricher Festspiele oder d'Bachfest Leipzig. Si war schonn e puermol Meeschterschülerin a Präisdréierin vun der Internationaler Museksakademie fir Solisten (IMAS).

D'Zäitschrëft Fono Forum huet si zum Nowuesskënschtler vum Joer 2007 gewielt. Si ass zanter 2008 als Exklusivkënschtlerin bei Deutsche Grammophon ënner Vertrag an huet CDe mat Stécker vum Franz Liszt a vum Frédéric Chopin opgeholl. Si krut eng ganz Rei Förderstipedien, ënner anerem vun der Degussa Stiftung, der Deutsche Stiftung Musikleben an der Studienstiftung des deutschen Volkes. 2010 gouf d'Alice Sara Ott zesumme mam Olga Scheps mat dem ECHO Klassik ausgezeechent.

Um Spaweck änneren