Den Ali Khan Samsudin, gebuer 1958, a gestuerwen den 1. Dezember 2006 zu Kuala Lumpur, der Haaptstad vu Malaysia, war bekannt als de malaysesche Schlaange-Kinnek.

Hien ass un deen Titel komm, nodeem hien an de fréien 1990er Jore 40 Deeg laang all Dag zwielef Stonnen an engem klenge Raum mat 400 Kobraschlaange "gelieft" huet. An der 1998 Editioun vum Guinnessbuch vun de Weltrekorden ass den Ali Khan Samsudin opgefouert, nodeem hien 21 Deeg laang sech an enger gliese Këscht mat 6.000 Skorpiounen opgehalen hat.

Hie gouf 99-mol a sengem Liewe vun enger Schlaang gebass. Fir d'lescht den 1. Dezember vun enger Kinnekskobra (Ophiophagus hannah). En hannerléisst zwou Fraen a fënnef Kanner.