Den Algol (arabesch) ass ee verännerleche Stär an den zweethellste Stär (beta) am Stärebild vum Perseus (β Persei). Hien ass op enger Distanz vun zirka 93 Liichtjoer.

Algol
β Persei
Stärebild: Perseus (Per)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 03h 08m 10.1s
Deklinatioun + 40° 57' 20"
Visuell Magnitude + 2,12 mag
Spektralklass: B8 V / K2 IV / A5 V
Verännerleche Stärentyp EA
Astrometrie
Radialvitess: + 4,0 ± 0,9 km/s
Parallax 35,13 ± 0,90 mas
Distanz 93 ± 2 Lj
Absolut Hellegkeet - 0,15 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 3,59 M☉ / 0,79 M☉ / 1,67 M☉
Radius: 2,3 R☉ / 3,0 R☉ / 0,9 R☉
Liichtkraaft: 98 L☉ / 3,4 L☉ / 4,1 L☉
Uewerflächentemperatur 2800 K
Aner Bezeechnungen
ADS ADS 2362
Bayer-Bezeechnung β Persei
Bonner Duerchmusterung BD +40°673
Bright Star Catalogue HR 936
Henry-Draper-Katalog HD 19356
Hipparcos-Katalog HIP 14576
SAO-Katalog SAO 38592
Tycho-Katalog TYC 2851-2168-1
Den Algol am Stärebild Perseus

Déi visuell Magnitude vum Stär wiesselt iwwer en Zäitraum vun 2 Deeg, 20 Stonnen, 48 Minutten a 56 Sekonnen tëscht 2,3m an 3,5m.

Streng geholl handelt et sech net ëm en eenzele Stär, mä ëm ee Méifachstäresystem. Een Zentralstär mat der honnertfacher Hellegkeet vun eiser Sonn gëtt ëmkreest vun engem klengen Niewestär. Ëm dee System kreest nees e weidere Stär. De Wiessel vun der visueller Hellegkeet entsteet, wann de liichtschwaachen Niewestär den Zentralstär verdeckt. No der Charakteristik vum Liichtbou vum Algol hunn d'Algolstären hiren Numm, eng Klass vu Bedeckungsverännerlechen.

D'Hellegkeetsännerunge goufe scho 1669 vum Geminiano Montanari entdeckt. D'Period ass awer eréischt vum John Goodricke am Joer 1783 bestëmmt ginn. Deen interpretéiert d'Hellegkeetsvariatioun, richteg, als Bedeckung vum Haaptstär duerch e Begleeder.

Den Numm Algol ass en ursprénglechen arabeschen Numm a gëtt zanter dem 10. Joerhonnert benotzt. Et ass ee vun den eelsten arabesche Stärennimm an der westlecher Welt. Virdrun ass de Stär och nach vum Ptolemäus Gorgonea Prima (latäin fir „éischte Stär vum Gorgo“) genannt ginn, no enger griichescher Soo, an där de Perseus den erofgeschloene Kapp vun der Medusa, enger vun den dräi Gorgonen, an den Hänn hält.

Koordinaten (Equinoxe 2000)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie