Den Algieba ass de Stär γ Leonis am Stärebild Leo. Den Numm Algieba staamt aus dem Arabeschen a bedeit souvill wéi D'Kréng vum Léiw.

Kaart vum Stärebild Leo (Léiw). Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer

Den Algieba ass a klengen Teleskopen (vu 5 Zentimeter Objektivduerchmiesser un) opléisbar als Duebelstär. De Wénkelofstand vun de Komponenten ass 4,4", de Positiounswénkel 125 Grad.

Den Haaptstär huet eng visuell Magnitude vu +2,61 mag a gehéiert zu der Spektralklass K1-IIIb. Den Haaptstär ass nëmmen zirka 3.700 Kelvin waarm an huet déi 180-fach Liichtkraaft vun eiser Sonn. Doraus léisst sech duerch eng Formel errechnen, datt den Haaptstär (Algieba) den 22,7 fachen Duerchmesser vun eiser Sonn huet. De Begleeder huet eng Hellegkeet vu +3,80 mag a gehéiert zu der Spektralklass G7-III.

Koordinate fir d'Equinoxe J2000.0:

Haaptstär

Begleeder

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren