Alexei Alexandrowitsch Balandin

Den Alexei Alexandrowitsch Balandin (Алексей Александрович Баландин), gebuer den 20. Dezember 1898 zu Jenisseisk a Sibirien a gestuerwen den 22. Mee 1967 zu Moskau, war e russesche Chimist. Hie war vun 1934 Chimieprofesser op der Moskauer Universitéit a Member vun der russescher Wëssenschaftsakademie vun 1946 un.

Alexei Alexandrowitsch Balandin
Gebuer 8. Dezember 1898 jul.
Jenisseisk
Gestuerwen 22. Mee 1967
Moskau
Nationalitéit Sowjetunioun
Educatioun Lomonossow-Universitéit
Aktivitéit Chimist
Member vun Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS

Liewen änneren

Den Alexei Alexandrowitsch ass zweemol verhaft ginn a koum an de Gulag. Déi éischt Kéier 1936 obschonn hien ni politesch aktiv war. Deen Arrest huet mat engem Exil ze Orenburg geendegt.

Wëssenschaftlech Aarbecht änneren

De Balandin huet wichteg Aarbechten am Beräich vun der Heterogener Katalys geleescht an dëst souwuel theoreetesch wéi och praktesch. Fir d'Katalys z'erklären huet hien e Modell agefouert an deem en Transitiounszoustand op der Uewerfläch vum Katalysater entsteet. Do bilt sech tëscht de Reagenzien e Komplex deen net stabil ass.

An Zesummenaarbecht mam Nikolai Selinski huet de Balandin och an der Petrochimie gefuerscht. Do huet hien eng katalytesch "Neibildung" vun Alkanen a Cycloalkanen zu aromatesche Kuelewaasserstoffer duerch Dehydrogenéierung entwéckelt.

Éierungen änneren

De Moundkrater Balandin dréit säin Numm.

Wierker änneren

  • Multiplet Theory of Catalysis (1929)
  • Chlopin W. G., Balandin A. A., Pogodin S. A., Wolfkowitsch S. I. (1945). Otscherki po istorii Akademii nauk: chimitscheskie nauki. Moskwa: Isd-wo Akademii nauk SSSR. OCLC 17748200
  • Balandin A. A. (1968). Iwwersat als: Scientific selection of catalysts. Problems of kinetics and catalysis, 11. Jerusalem: Israel Program for Scientific Translations. OCLC 434180
  • Balandin A. A. (1964). Catalysis and chemical kinetics. New York: Academic Press. OCLC 769314
  • Balandin A. A., Klabunowski E. I. (1972). Isbrannyje trudy. Moskwa: "Nauka".

Um Spaweck änneren