Alexander Walterowitsch Litwinenko

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Alexander Walterowitsch Litwinenko (Александр Вальтерович Литвиненко), gebuer den 30. August 1962 zu Woronesch a gestuerwen den 23. November 2006 zu London, war e russeschen a spéider brittesche Geheimdéngschtmataarbechter. Hien huet fir d'éischt fir de sowjetesche Geheimdéngscht KGB an da fir d'russesch Nofollgerorganisatioun FSB geschafft. Vun 2003 un war hien Informant vum britteschen Auslandsgeheimdéngscht MI6.

Alexander Walterowitsch Litwinenko
Gebuer 4. Dezember 1962
Woronej
Gestuerwen 23. November 2006
London
Nationalitéit Sowjetunioun, Russland, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Militär, Spioun

Hien ass als Auteur an als Kritiker vum russesche President Wladimir Putin bekannt ginn.

De Litwinenko ass Ufank November 2006 krank ginn a kuerz drop un enger Vergëftung gestuerwen.

Am Januar 2015 gouf no jorelaangem Drock vum Litwinenko senger Wittfra Marina eng ëffentlech Untersuchung ("public inquiry") a Groussbritannien lancéiert. Si ass ee Joer méi spéit zur Konklusioun komm, datt de Mord um Litwinenko d'Resultat vun enger FSB-Operatioun war, déi warscheinlech perséinlech vum Putin geneemegt ginn ass.[1]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. BBC: President Putin 'probably' approved Litvinenko murder (21. Januar 2016)