Den Alexander Georg Nicolas Christoph Wolfgang Tassilo Schallenberg, gebuer den 20. Juni 1969 zu Bern, an der Schwäiz, ass en éisträichesche Jurist, Diplomat a Politiker (ÖVP).

Alexander Schallenberg
Gebuer 20. Juni 1969
Bern
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien,
Universitéit Panthéon-Assas,
Collège d'Europe
Aktivitéit Jurist, Politiker

Hie gouf den 11. Oktober 2021 Bundeskanzler vun der Republik Éisträich, ass awer schonn nees den 2. Dezember dat Joer zeréckgetrueden. Virdru war hie vum Januar 2020 u Minister fir Aussen- an Europabezéiungen an der Regierung Kurz II, a vu Juni 2019 bis Januar 2020 Ausseminister an der Regierung Bierlein.

Hien huet vun 1997 am Ausseministère geschafft a war vun 2000 bis 2005 Direkter vun der Droitssektioun op der Permanenter Representatioun vun Éisträich bei der Europäescher Unioun. Dono war hie Porte-parole vun den Ausseministeren Ursula Plassnik a Michael Spindelegger. 2013 gouf hien, ënner dem Ausseminister Sebastian Kurz Direkter vun der Zell fir Aussepolitesch Planifikatiounen. 2016 gouf hien Direkter vun der Europa-Sektioun am Ausseministère.

Nodeems den Dossier Europapolitik vum Ausseministère an d'Bundeskanzleramt transferéiert gi war, gouf de Schallenberg den 1. Mäerz 2018 Direkter vun der EU-Koordinatiounssektion vum Bundeskanzleramt.

Gielercher änneren

  •   Großes Silbernes Ehrenzeichen mit dem Stern für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Publikatiounen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Alexander Schallenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten