Den Alessandro Maggiolini, gebuer de 15. Juli 1931 zu Bareggio, an der Provënz Mailand, an Italien, a gestuerwen den 11. November 2008 zu Como, war réimesch-kathoulesche Bëschof vu Como.

Alessandro Maggiolini
Gebuer 15. Juli 1931
Gestuerwen 11. November 2008
Como
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Theolog, Universitéitsprofesser, kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof

Den Alessandro Maggiolini gouf de 26. Juni 1955 zu Mailand vum Giovanni Battista Montini, dem spéidere Poopst Paul VI. zum Geeschtleche geweit. Hie war Professer fir Philosophie op der kathoulescher Universitéit Mailand, an duerno bëscheefleche Vikar fir d'Universitéit.

De 7. Abrëll 1983 gouf e vum Poopst Jean-Paul II. zum Bëschof vum Bistum Carpi zu Carpi bei Modena ernannt. D'Bëschofswei krut hie vum Kuriekardinol Sebastiano Baggio den 29. Mee dat selwecht Joer. Mat bei der Konsekratioun waren den Artemio Prati, Bëschof vu Carpi, an de Gilberto Baroni, Bëschof vu Guastalla.

1989 gouf e vum Jean-Paul II. zum Bëschof vu Como ernannt. Hie war Member am Redaktiounskomittee vum Katchëssem.

Den 2. Dezember 2006 ass hien a Pensioun gaangen. Hien ass duerch Kriibs gestuerwen.