Aldo Moro

italieenesche Politiker

Den Aldo Moro, gebuer den 23. September 1916 zu Maglie (Lecce) a gestuerwen den 9. Mee 1978 zu Roum, war en italieenesche Politiker.

Aldo Moro
Gebuer 23. September 1916
Maglie
Gestuerwen 9. Mee 1978
Roum
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Professer
Partei Democrazia Cristiana
Aldo Moro a Gefaangenschaft

De Jurist Aldo Moro war als Deputéierte vun der Democrazia Cristiana vun 1948 un am italieenesche Parlament. Hie war Justizminister (1955-1957) an Unterrechtsminister (1957-1959), duerno Generalsekretär vu senger Partei (1959-1964) an Ausseminister (1969-1972 an 1973-1974). Ministerpresident vun Italie war hie vun 1963-1968 a vun 1974-1976.

Den Aldo Moro, deen dem lénke Flillek vu senger Partei zougerechent gouf, gouf den 13. Mäerz 1978 vun de Brigate Rosse ("Roude Brigaden") entfouert an ass no 8 Wochen erschoss opfonnt ginn.

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Aldo Moro – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Visite à Luxembourg du Ministre italien des Affaires Etrangères am 'BULLETIN de DOCUMENTATION' N°1 vum 28 février 1970 vum SERVICE INFORMATION ET PRESSE