Albestroff (däitsch: Albesdorf) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est a läit ronn 16 km ëstlech vu Morhange.

Albestroff

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Sarrebourg-Château-Salins
Kanton Le Saulnois
Postcode 57670
Gemengecode 57011
Koordinaten 48° 55’ 59’’ N
      06° 51’ 26’’ O
Fläch  1.930 ha
Bevëlkerung  639 (1999)

D'Duerf ass no der Albe, engem klenge Floss, benannt a gouf fir d'éischt am Joer 1225 ernimmt. Am Mëttelalter huet et de Bëscheef vu Metz gehéiert a gouf am Drëssegjärege Krich bal komplett zerstéiert an entvëlkert.

D'Uertschaft läit am Parc naturel régional de Lorraine.

Nopeschuertschaften änneren

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren