Albert Marth

däitschen Astronom

Den Albert Marth, gebuer de 5. Mee 1828 zu Kolberg, Pommern, a gestuerwen de 5. August 1897 zu Heidelberg, war en däitschen Astronom a Physiker.

Albert Marth
Gebuer 5. Mee 1828
Gestuerwen 6. August 1897
Heidelberg
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Astronom, Physiker

Am Ufank huet de Marth Theologie op der Berliner Universitéit studéiert. Säi staarken Intressi fir Mathematik an Astronomie hunn hien zu engem Astronomiestudium beim Peters zu Königsberg gefouert.

Am Joer 1853 ass hien engem Ruff vum Bishop op London nokomm, wou hien Assistent vum Hind gouf. Am Joer 1854 huet hien deem seng Nofolleg am Observatoire ugetrueden.

De Marth huet den 1. Mäerz 1854 de Klengplanéit (29) Amphitrite entdeckt.

Vun 1855 bis 1862 gouf hien Nofollger vum Rümker Assistent vum Chevallier am Durham Observatoire, Potters Bank, England. Duerno gouf hie vum William Lassell als Observator an engem Privatobservatoire op Malta engagéiert. De Marth huet ronn 600 niwweleg Objeten an der Zäit vun 1863 bis 1865 entdeckt. Bis 1883 hat hie weider kleng Ustellungen, awer haaptsächlech zu London.

Am Joer 1882 war hie mat op eng Expeditioun op de Kap vun der Gudder Hoffnung fir de Venustransit ze kucken.

Am Joer 1883 krut de Marth eng Plaz am Colonel Edward Henry Cooper's Observatoire op Markree Castle bei Sligo an Irland.

De Marth war a senge leschte Joren an Däitschland. Hien ass de 5. August 1897 zu Heidelberg u Kriibs gestuerwen.

Um Äerdmound gouf de Krater Marth no him benannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren