Albert Hoffmann

lëtzebuergesche Kolonialist am Kongo
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Albert Hoffmann, gebuer de 16. November 1900 zu Uesweller a gestuerwen den 9. Juni 1984, war ee vun den éischte Lëtzebuerger dee Beamten am Belsche Kongo war. Hie war och Grënnungsmember vun der Association Coloniale Luxembourg Outre Mer (LUXOM) [1] an hire President vun 1964 bis zu sengem Doud.

Albert Hoffmann
Gebuer 16. November 1900
Uesweller
Gestuerwen 9. Juni 1984
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fonctionnaire

Liewen änneren

1926 gouf hien an d'Gebitt vu Kasai geschéckt, wou hie ganz verschidde Responsabilitéiten hat. Hie war verantwortlech fir de Stroossebau, dee vun Zwangsaarbechter realiséiert gouf. Hien huet och Steieren agedriwwen, Zaldote rekrutéiert, Primärschoule kontrolléiert an och Aufgaben als Riichter iwwerholl.

Fir d'Kofferminne vum Katanga huet hien Aarbechtskräfte besonnesch aus dem Gebitt vu Kasai rekrutéiert. Mat de Stammesféierer huet hien duerfir verhandelt. Déi belsch Regierung huet eng Politik verfollegt, déi déi ekonomesch Aktivitéite vun der Kasai-Bevëlkerung esou ageengt huet, datt hinne keng aner Chance blouf, wéi als Biergaarbechter am Katanga ze schaffen.

1936 huet hie sech zu Lëtzebuerg bestuet an ass mat senger Fra zeréck an de Kongo gaangen.

1940 goung hien definitiv zeréck op Lëtzebuerg an nom Krich huet hie fir de Commissariat à la Reconstruction geschafft, dee fir den Ëremopbau vun den Infrastrukturen zu Lëtzebuerg zoustänneg war.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Association Coloniale Luxembourg Outre Mer, „LUXOM". Luxemburger Wort (23.3.1954). Gekuckt de(n) 3. 1. 2023.