Den Albert Coppé, gebuer de 26. November 1911 zu Bruges a gestuerwen den 30. Mäerz 1999 zu Tervuren, war e belschen Ekonomist a Politiker. Hie war Vizepresident vun der Héijer Autoritéit vun der CECA, déi den 10. August 1952 zu Lëtzebuerg hir Aarbecht opgeholl huet.

Albert Coppé
Gebuer 26. November 1911
Bruges
Gestuerwen 30. Mäerz 1999
Tervuren
Nationalitéit Belsch
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Universitéitsprofesser

Säi Liewen a seng Aktivitéiten änneren

Den Albert Coppé huet zu Léiwen Ekonomie studéiert an huet 1940 säi Studium mat engem Doktorat ofgeschloss. Op der Kathoulescher Universitéit vu Léiwen war hien duerno Professer an huet do Ekonomie dozéiert (1941-1982).

Den Albert Coppé hat ee gutt ausgefëllt politescht Liewen:

Auszeechnungen änneren

Den Albert Coppé war och, nieft aneren internationalen Auszeechnungen, mat der héchster lëtzebuergescher Auszeechnung, dem Grousskräiz vum Ordre de la couronne de chêne dekoréiert ginn.

Seng Publikatiounen änneren

Vu senge wichtegste Publikatioune sinn ze nennen:

  • Problèmes d'Ekonomie Charbonnière,
  • De Europeese Uitdaging,
  • De Multinationale Onderneming,
  • Inflatie,
  • Polemiek rond België
  • Hie war och Mataarbechter vun der Libre Belgique (1974-1988).

Um Spaweck änneren