Albanien

südosteuropäesche Staat
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Republik Albanien (albanesch: Shqipëri/Shqipëria, d'Land vum Aadler), ass e südosteuropäesche Staat, am Weste vun der Balkanhallefinsel. Nopeschlänner sinn am Norden de Montenegro, am Nordosten de Kosovo, am Oste Nordmazedonien an am Süde Griicheland. Am Weste maachen d'Adria an d'Ionescht Mier op enger Längt vun 316 km eng natierlech Grenz.

Republika e Shqipërisë

Albanesche Fändel

Albanescht Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Albanesch
Haaptstad: Tirana
Staatsform: Republik
 • President: Ilir Meta
 • Premierminister: Edi Rama
Fläch: 28 748 [1] km²
Bevëlkerung: 3 127 263 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 109/km²
Onofhängegkeet: vum Osmanesche Räich,
den 28. November 1912
Nationalfeierdag: 28. November
Nationalhymn: Hymni i Flamurit
Lauschteren
Wärung: Lek
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .al
Internationalen
Telefonsprefix
:
+355

Albanien huet 28.748 km² an ass der Nord-Südachs no eng 345 Kilometer laang an nëmme bis maximal 145 km breet (West-Ost). Domat gehéiert d'Balkanrepublik zu deene méi klenge Länner an Europa.

Haaptstad an och gréisst Stad ass Tirana. Albanien ass Member vun de Vereenten Natiounen an der NATO.

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Stand 2004. Quell: www.instat.gov.al - Albania in figures 2005

Um Spaweck änneren

Commons: Albanien – Biller, Videoen oder Audiodateien