Déi aktiv Optik gëtt bei Spigelteleskopen agesat, fir d'Spigelkrëmmung auszegläichen, déi beim Schwenke vum Teleskop entsteet.

Aktore vun der aktiver Optik vum Gran Telescopio Canarias.

An der Astronomie ginn d'Spigelteleskope mat ëmmer méi groussen Haaptspigele gebaut, fir d'Wierkung beim Sammele vum Liicht an d'Opléisungsverméigen verbesseren ze kënnen. Dobäi komme virun allem Glaskeramiken (z. B. Zerodur vun der Firma Schott AG, Mainz) zum Asaz, well déi e ganz klenge Wäermtausdehnungskoeffizient hunn, liicht sinn an eng ganz dënn Bauweis vun de Spigele méiglech ass. Doduerch verléieren d'Spigelen awer u Stabilitéit, a beim Schwenke verbéie si sech duerch hiert eegent Gewiicht, wat Fotofeeler mat sech bréngt.

Fir déi Feeler ze korrigéieren, ginn d'Spigelen op Aktore gelagert. Iwwer eng Reegelungseenheet ginn Ist- a Soll-Geometrie vum Spigel verglach an iwwer d'Aktore kann eng Verformung vum Spigel eventuell ausgeglach ginn.

Déi aktiv Optik gouf fir d'éischt beim New Technology Telescope vum ESO agesat. Och déi béid Keck-Teleskopen, déi véier Teleskope vum Very Large Telescope (VLT), de Large Binocular Telescope (LBT) an de Gran Telescopio Canarias gebrauchen déi Technik.

Wärend déi aktiv Optik lues mechanesch Aflëss vum Teleskop ausgläicht, reduzéiert déi adaptiv Optik déi d'Aflëss vun der Atmosphär déi stéieren an déi sech séier änneren. D'Aktore gläiche sech, wierken awer bei der adaptiver Optik am Allgemengen op e Sekundärspigel. D'Sensore si grondverschidden.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • Gérard R. Lemaitre: Astronomical optics and elasticity theory - active optics methodes. Springer, Berlin 2009, ISBN 978-3-540-68904-1
  • M. D. Rhodes: Thermal active optics technique for correcting symmetrical distortions in space telescope mirrors. NASA Langley Research Center 1970 Abstract NASA Technical Reports Server
  • John W. Hardy: Active optics - A new technology for the control of light. IEEE, Proceedings, vol. 66, Juni 1978, S.651-697,abstract@nasa ads, pdf@dtic.mil, abgerufen am 3. November 2011
  • William J. Cuneo: Active Optical Devices and Applications. Proceedings of the Society of Photo-Optical Instrumentation Engineers, April, 1980, Washington, DC, pdf@dtic.mil, abgerufen am 3. November 2011

Um Spaweck änneren