Den Aisne-Marne Kanal ass e Scheetkanal deen am Gabarit Freycinet gebaut gouf, an deen den Dall vun der Aisne mat deem vun der Marne verbënnt. De Kanal ass 1886 a Betrib gaangen.

Lag vum Kanal
De Kanal vun der Schleis N°14 L'Espérance an Direktioun Schleis N° 15 Beaumont gesinn.
Agang vum Tunnel um Mont Billy

De Kanal ass 58,109 km laang an huet 24 Schleisen, dovu 16 zur Säit vun der Aisne an 8 am Marnebaseng.

D'fräi Héicht ass 3,5 Meter, an de Waasserstand 2,20 Meter, den erlaabten Déifgank ass 1,80 Meter.

En huet säin Ufank zu Berry-au-Bac op der Aisne a féiert iwwer Reims op Condé-sur-Marne.

Well de Kanal iwwer de Scheet vun engem Bierg, dem Mont-de-Billy féiert a säin ieweschte Schleisebaseng op bal dem héchste Punkt läit, hu misse speziell Konstruktioune gemaach ginn, fir e mat Waasser ze fëllen. Dofir gouf zu Condé-sur-Marne eng Pompelstatioun gebaut, déi d'Waasser op eng Bréck vun engem Aqueduc pompelt, vu wou aus et dann duerch seng eege Gravitatioun bis op déi héchst Plaz vu Kanal leeft. Dat geschitt an dësem Fall duerch eng ënnerierdesch Waasserleitung vu ronn 7,5 km, déi tëscht dem Hafe vu Vaudemange an der Schleis N° 17, déi net wäit dovun ewech ass, an de Scheetbaseng leeft. Op der Säit vun der Aisne krut d'Vesle déi plazeweis no un de Kanal erukënnt op der Héicht vu Sept-Saulx och Waasser gezoppt.

Fir net ze vill héich op d'Kopp mussen ze goen, gouf um Scheetbaseng en 2.302 m laangen Tunnel ënner dem Mont-de-Billy gebaut. Dat ass déi eenzeg Plaz um Kanal déi Schëffer net erlaabt laanschteneen ze fueren.

Schleisen änneren

Schleis Uertschaft Koordinaten PK Ieweschte Baseng / m
N°1 Berry-au-Bac 49° 23’ 55’’ N 03° 54’ 18’’ O 00,00 01.110
N°2 Cormicy 49° 23’ 48’’ N 03° 55’ 07’’ O 01,11 01.070
N°3 Cormicy 49° 23’ 24’’ N 03° 55’ 33’’ O 02,17 02.370
N°4 Cormicy 49° 22’ 13’’ N 03° 55’ 44’’ O 04,54 01.170
N°5 Cauroy-les-Hermonville 49° 21’ 51’’ N 03° 56’ 31’’ O 05,71 03.510
N°6 Loivre 49° 20’ 52’’ N 03° 58’ 52’’ O 09,22 00 720
N°7 Loivre 49° 20’ 36’’ N 03° 59’ 18’’ O 09,94 01.070
N°8 Loivre 49° 20’ 07’’ N 03° 59’ 40’’ O 11,01 00 810
N°9 Courcy / La Verrerie 49° 19’ 51’’ N 04° 00’ 13’’ O 11,82 12.460
N°10 Reims 49° 14’ 29’’ N 04° 02’ 08’’ O 24,28 00 770
N°11 Reims 49° 14’ 08’’ N 04° 02’ 30’’ O 25,05 00 620
N°12 Reims 49° 13’ 57’’ N 04° 02’ 55’’ O 25,67 07.520
N°13 Sillery 49° 12’ 04’’ N 04° 08’ 10’’ O 33,59 02.230
N°14 L'Espérance 49° 11’ 22’’ N 04° 09’ 31’’ O 35,82 02.770
N°15 Beaumont-sur-Vesle 49° 10’ 31’’ N 04° 11’ 24’’ O 38,59 01.170
N°16
N°17
Courmelois
Vaudemange
49° 10’ 03’’ N 04° 12’ 04’’ O
49° 04’ 55’’ N 04° 14’ 22’’ O
39,76
51,66
Scheetbaseng
11.900
N°18 Vaudemange 49° 04’ 41’’ N 04° 14’ 09’’ O 52,17 00 510
N°19 Isse 49° 04’ 27’’ N 04° 13’ 55’’ O 52,70 00 530
N°20 Isse 49° 04’ 09’’ N 04° 13’ 29’’ O 53,46 00 760
N°21 Isse 49° 04’ 00’’ N 04° 13’ 00’’ O 54,12 00 660
N°22 Isse 49° 03’ 53’’ N 04° 12’ 28’’ O 54,79 00 670
N°23 Condé-sur-Marne 49° 03’ 27’’ N 04° 11’ 35’’ O 56,13 01.340
N°24 Condé-sur-Marne 49° 02’ 38’’ N 04° 10’ 56’’ O 57,89 01.760
Hafen Condé-sur Marne 49° 02’ 30’’ N 04° 10’ 52’’ O 58,10

Um Spaweck änneren

Commons: Canal de l’Aisne à la Marne – Biller, Videoen oder Audiodateien