Den Airy ass en Aschlagkrater um Planéit Mars. E läit südlech vum Marsequator an huet e bëssi méi wéi 43 Kilometer am Duerchmiesser. Am Airy-Krater läit de Krater Airy-0, deen en Duerchmiesser vu 500 Meter huet an deen d'Lag vum Nullmeridian um Mars definéiert.

Airy (Marskrater)
De Marskrater Airy.
Eegenschaften
Regioun Sinus Meridiani
Koordinaten 5,1°S, 0,1° O
Duerchmiesser 43 km
Genannt nom George Biddell Airy

Den Airy läit bannenzeg der donkeler Meridianbucht Sinus Meridiani. Déi gouf vun den däitschen Astronomen Wilhelm Beer a Johann Heinrich Mädler bei hiren Observatiounen an den 1830er Joren als Markéierung gebraucht, déi gehollef huet d'Rotatiounsdauer vum Mars ze bestëmmen. Dat vum Beer a Mäder einfach "A" genannt Zeeche gouf 1877 vum Giovanni Schiaparelli als Nullmeridian fir seng Marskaarte festgeluecht a gebraucht. D'Date vum Mariner 9 haten 1972 eng méi genee Definitioun gebraucht a sou gouf de Krater Airy-0 fir d'Preziséierung benotzt.[1]

Den Airy ass nom engleschen Astronom George Biddell Airy genannt.[2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Michel Capderou: Satellites: orbits and missions. Springer Verlag, Paris 2005, ISBN 2-287-21317-1, Säit 406
  2. Oliver Morton: Mapping Mars: Science, Imagination, and the Birth of a World. Picador USA, New York 2002, ISBN 0-312-24551-3, Seite 22f