Airbus ass eng Duechtergesellschaft vun der EADS an de gréissten europäesche Fligerhiersteller. Nieft der amerikanescher Firma Boeing gehéiert si weltwäit zu de gréisste Fligerhiersteller. Airbus, déi hire Sëtz zu Toulouse a Frankräich hunn, beschäftegt aktuell ëm 57.000 Mataarbechter a Spuenien, England, Däitschland an a Frankräich.

Logo vun Airbus
En A300 vun der Lufthansa
A 330-200 Air Seychelles 2013

Geschicht änneren

Grënnung änneren

Airbus gouf en 18. Dezember 1970 mat der Fusioun vun der franséischer Firma Aérospatiale an der Firma Deutsche Airbus gegrënnt. Nodeem déi däitsch Fligerhiersteller MBB (Fusioun tëscht Messerschmitt, Bölkow an HFB), Dornier an Fokker-Vereinigte Flugtechnische Werke (Fokker-VFW) agesinn hunn datt si eleng net géint Boeing a McDonnell Douglas kéinten ukommen, hu si sech zu engem Konsortium, der Deutsche Airbus, zesumme geschloss. A Frankräich hunn d'Fligerhiersteller Sud-Aviation, Nord-Aviation a SEREB zu Aérospatiale fusionéiert. 1971 koum déi spuenesch Firma CASA an 1979 d'British Aerospace derbäi.

Wichteg Fligere vun Airbus änneren

 
En A320-200

Airbus-Fligeren änneren

Zivil Fligeren änneren

Iwwersiicht (Stand: 30. Juni 2009)
Modell Bestellungen Ausliwwerungen Am Déngscht Éischt Ausliwwerung Produktiounsenn
Airbus A300 561 561 404 Mee 1974 Juli 2007
Airbus A310 255 255 214 Dezember 1985 Juli 2007
Airbus A318 83 68 67 Oktober 2003 -
Airbus A319 1.528 1.185 1.184 Abrëll 1996 -
Airbus A320 3.989 2.149 2.099 Mäerz 1988 -
Airbus A321 768 529 528 Januar 1994 -
Airbus A330 1.022 625 621 Dezember 1993 -
Airbus A340 384 366 361 Januar 1993 -
Airbus A350 493 0 0 ab 2013 -
Airbus A380 200 16 16 Oktober 2007 -
Total 9.283 5.754 5.494

Militärfligeren änneren

Iwwersiicht
Modell Bestellungen Ausliwwerungen Am Déngscht Éischt Ausliwwerung Produktiounsenn
Airbus A310-300 MRT/MRTT 7 7 7 an de spéiden 1990er
Airbus A330-200 FSTA 21 0 0 gëtt entwéckelt
Airbus A400M 192 0 0 2011

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Airbus – Biller, Videoen oder Audiodateien