Agape (gr. ἀγάπη - agápē) ass en neitestamentlecht a generell chrëschtlecht Wuert fir déi gëttlech Léift.

Am Alen Testament existéiert zwar och schonn d'Motiv vun der Léift, awer nach net am vollstännege Sënn vun Agape, mä éischter an engem ganz fréie Stadium.

Eréischt am Neien Testament kënnt Agape zu senger richteger Erfëllung als déi rengste Léift vu Gott: Agape ass déi bedingungslos, intressilos, eesäiteg a just op déi aner zentréiert Léift. Si schléisst souguer déi eege Feinden an (cf. dem Jesus seng Wierder um Kräiz: "Här, verzei hinnen, well si wëssen net wat se maachen." 1 Kor 13,1−13 LUT).

De Begrëff vun Agape gouf vu spéidere chrëschtleche Schreiwer méi wäit gefaasst, an och fir déi chrëschtlech Nächsteléift (1 Korinther 13:1–8) an souguer Gott selwer gebraucht ("Gott ass Léift" 1 Johannes 4:8).

Agape steet domat am Géigesaz zur mënschlech-kierperlecher Léift Eros, déi ëmmer potentiell sexuell ass. Et sief och gesot datt et sech bei Agape deemno net ëm platonesch Léift handelt, well déi aus dem eroteschen Drang selwer entsteet, an déi Persoun déi en anere gär huet just duerno e philosophesche Wee aschléit a seng Léift vun der sexueller Erfëllung ewech an engem Erkenntnisprozess op e méi ëmfaassenden, allgemengen a méi héichrangege Fokus iwwerdréit.

D'Agape ënnerscheet sech och vun der Frëndschaftsléift, well si weeder d'Bestoe vun enger Frëndschaft viraussetzt nach drop ofziilt, mä aus renger Héichschätzung just deem anere säi Wuel am A huet.