D'Aeternitas (vum lat.: aeternitas = Éiwegkeet) ass d'personifizéiert réimesch Gëttin vun der Éiwegkeet am Sënn vun der Onstierflechkeet an dem éiwege Liewen.

Viischt Säit: Keeser Trebonianus Gallus / Revers: Aeternitas mam Phönix

D'Aeternitas war e beléifte Motiv um Revers vu réimesche Consecratiounsmënzen d. h. Mënzen déi zu Éiere vu grousse Perséinlechkeeten, meeschtens verstuerwe Keeseren déi zu Gëtter ernannt goufen (Aeternitas Augusti oder Divi), erauskomm sinn.

D'Aeternitas sollt och d'Permanenz vum Weltraum, dem réimesche Räich an dem réimesche Vollek symboliséieren (Aeternitas imperii, populi romani).

D'Gëttin gouf meeschtens mat Zepter, Globus, Fakel oder/a Sonn, Mound an de Stäre duergestallt. Dacks huet se och nach de Phönix op hirem Arem setzen.

Kuckt och änneren