Advanced Composition Explorer

Den Advanced Composition Explorer, kuerz ACE, ass eng Raumsond vun der NASA, déi de 25. August 1997 gestart gouf. ACE gouf am Kader vum Explorer-Programm realiséiert an dréit dofir och den Numm Explorer 71.

ACE
D'Raumsond ACE
Missiounszil L1
Land USA
Agentur NASA
Startmass 752 kg
Start 25. August 1997, 14:39 UTC
Status aktiv
ACE Bunn
Opbau vun der Raumsond ACE
Start vum ACEs Delta II 7920-8

Missioun änneren

ACE steet fir „Advanced Composition Explorer“. Zil vun der 752 kg schwéierer Sond ass d'Analys vu solaren, interplanetaren, interstellaren a kosmesche Partikelen op der Grenz vum Äerdschwéierfeld no beim Lagrange-Punkt L1. Si gouf mat enger Delta II 7920-8 gestart an an enger Ëmlafbunn ëm L1 positionéiert, an där si warscheinlech bis ongeféier 2024 schaffe kann. Trotz Stéierunge vun engem Instrument ass d'Sond nach ëmmer aktiv.

Beschreiwung änneren

Den ACE ass eng Raumsond mat engem aachteckegen Haaptkierper vun 1,6 m Duerchmiesser an 1 m Héicht. Véier Solarzellepaddele sinn ugebaut: op jiddwer zweeter Säit eent. Zwéi géigeniwwerleiend Paddelen droen ausserdeem un hiren Enner Stief mat Magnéitometeren. D'Solarzellepaddele si mat Silicium-Solarzelle beluecht, déi wéinst der Stralenofschiermung mat Quarz bedeckt sinn. Si sollen um Enn vun der geplangter Liewensdauer vu 5 Joer (2002) nach 440 Watt produzéieren; dat si méi wéi d'425 Watt, déi ACE maximal verbraucht. Mat ausgefuerene Solarzellepaddelen a Magnéitometer huet den ACE ronn 8,3 m Duerchmiesser. En hat e Startgewiicht vu 785 kg an 189 kg Hydrazin Dreifstoff u Bord. ACE rotéiert wéinst der Spinstabilisatioun mat 5 Ëmdréiunge pro Minutt ëm eng Achs, déi duerch den Zentrum vum Haaptkierper geet. D'Achs ass laanscht d'Linn Äerd-Sonn ausgeriicht. ACE huet zwéi Kommunikatiounssystemer, déi um S-Band schaffen.

Um Spaweck änneren

Commons: ACE – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie