Adobe Photoshop Lightroom

Adobe Photoshop Lightroom ass e Computerprogramm vun Adobe Systems dee sech primär u professionell Fotografe riicht, déi mat grousse Quantitéite Fotoen hantéieren, a se sou gutt wéi méiglech zortéieren an nees séier a sécher erëmfanne wëllen.

Logo

D'Entwécklung änneren

2002 ass bei Adobe Systems ugefaange ginn un engem neie Projet ze schaffen, dee Shadowland genannt gouf.

Beta-Versiounen änneren

Déi éischt Fassong gouf der Ëffentlechkeet op der Websäit vun Adobe Labs den 9. Januar 2006 virgestallt, a konnt erofgeluede ginn. Dat war eng Beta mam Numm Lightroom a war nëmme fir de Macintosh-Betribssystem. Et war dat déi éischt Kéier datt déi méiglech Clienten eng Beta-Versioun vun engem Adobe-Produkt konnte "mattesten".

Versiounekalenner änneren

  • 2.1:
  • 2.2: 16. Dezember 2008
  • 2.2 - Camera Raw 5.2
  • 2.3 - Camera Raw 5.3 - Mäerz 2009
  • 2.4 - Camera Raw 5.4 - 26. Juni 2009
  • 2.5 - Camera Raw 5.5 - 15. September 2009

Den 22. Oktober 2009 gouf eng ëffentlech Beta-Versioun vu Lightroom 3 virgestallt.

Den neie Look änneren

Fotoformater, déi vu Lightroom verschafft ginn änneren

Déi fënnef Fënsteren änneren

Library änneren

Direkt beim Luede vun enger oder vu méi Fotoen, sief et vun engem Fotoapparat, enger Späicherkaart oder vun enger Datei vum eegenen Harddisk, loosse sech Nativ RAW-Dateie vun deene meeschte Marken, oder JPG, TIFF oder PSD an d'DNG, als digitaalt Negativ, konvertéieren a späicheren. Beim Import ass et méiglech, d'Biller op villerlee Manéieren ze zortéieren oder s'ëmzenennen, fir se méi spéit besser kënnen opzeruffen.

Develop änneren

Dat ass den eigentlechen "Atelier", an deem e Bild mat Hëllef vun engem Faarfhistogramm iwwerschafft gëtt.

  • Den Tounwäertëmfank vun enger RAW-Datei, mat 16 Bit jee Faarfkanal, léisst sech op 8 bit reduzéieren.
  • De Wäissausgläich an d'Faarftemperatur
  • D'Beliichtung léisst sech, opgedeelt a Spëtzeliichter a Schieter mat der Hellegkeet an dem Kontrast änneren.
  • Mat Hëllef vun enger Tounlinn, déi sech béie léisst, loosse sech déi hell Partien, déi däischter an d'Schieter eenzel verschaffen.
  • D'Stäerkt, d'Siedegung an d'Luminanz vun aacht verschiddene Faarwe loosse sech eenzel astellen.
  • An der Sektioun "Detail" loosse sech d'Biller méi schaarf maachen, an d'Bildrausche léisst sech duerch Luminanz- a Ännerungen an der Faarf selwer reduzéieren.
  • Mat rout/cyan oder blo/giel Réckelen ass et méiglech, chromatesch Objektivfeeler ze verbesseren.
  • Am Fall vu Lënsevignettéierung, wann d'Ecke vun de Biller méi däischter sinn, erlaabt Lightroom et, d'Quantitéit z'änneren an de Liichtduerchfall vum optesche Mëttelpunkt z'änneren.
  • D'Faarfkalibréierung vum Fotoapparat selwer léisst sech änneren, duerch d'Verstelle vun den dräi Faarwen, rout, giel a blo an zousätzlech duerch d'Ännere vun der Duerchzeechnung vun de Schieter.

Slideshow änneren

Print änneren

Web änneren

Sécherheet änneren

Dobäi ass ze bemierken, datt de Programm ni un d'Originaldatei kniwwele geet. Lightroom verschafft ëmmer Kopien! Op déi Manéier ass de Fotograf absolut sécher, datt näischt u säin Original komme kann.

Aktualiséierungen änneren

  • D'Versioun 1.4 ass de 14. Mërz 2008 vun Adobe publizéiert ginn.

D'Konkurrenz änneren

De Präis änneren

De Präis fir eng Vollversioun läit ronderëm 300 €.

Fir besser eens ze ginn änneren

  • Martin Evening: The Adobe Photoshop Lightroom Book, 1. Oplo, Peachpit, Pearson Education, Inc. 2007 (en)
  • Martin Evening: Adobe Photoshop Lightroom. Handbuch für Fotografen, Oktober 2007, Addison-Wesley, München. Iwwersat vun der Claudia Koch an der Kathleen Aermes. (de)