Den Achernar, α Eridani, ass den hellste Stär am Stärebild Eridanus an ee vun den 10 hellste Stären um Himmel. Hien ass sou wäit südlech, datt hie vun Europa aus net ze gesinn ass.

Achernar
Aner Nimm oder Katalognummeren
Stärebild: Eridanus; Eri
Bayer-Buschtaf: α
Bright Star Catalogue: HR 472
Henry-Draper-Katalog: HD 10144
SAO-Katalog: SAO 232481
Den Achernar ass staark ofgeplatt

Den Numm staamt aus dem Arabeschen a bedeit "D'Enn vum Floss".

Hie gouf 2003 vum Very Large Telescope Interferometer (VLTI) observéiert, woubäi sech gewisen huet, datt hien duerch seng séier Rotatiounsvitesse vun op d'mannst 230 km/s staark ofgeplatt ass. De geneeë Wäert vun der Rotatiounsvitesse hänkt vun der onbekannter Ausriichtung vun der Rotatiounsachs of. Säin Equatorduerchmiesser ass op d'mannst dat annerhalleffacht vum Duerchmiesser op de Polen.

Daten änneren

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie