Achen ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Achen

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Sarregemines
Kanton Bitche
Postcode 57412
Gemengecode 57006
Koordinaten 49° 02’ 39’’ N
      07° 11’ 01’’ O
Fläch  1.212 ha
Bevëlkerung  938 (1999)

Achen läit um Zesummefloss vun de Baachen Ruisseau d'Achen a Ruisseau de Singling.

An der Géigend vun Achen gëtt et puer Forte vun der Maginotlinn woubäi dee bekanntsten de Fort du Haut-Poirier ass.

D'Kierch vun Achen déi dem Hl. Péitrus geweit ass, gouf 1725 gebaut.

D'Gemeng krut den 11. November 1948 eng Éierecitatioun vun der Arméi, bei där se och d'Croix de Guerre mat bronzem Stär krut.

Citatioun am Originaltext änneren

..Commune de Lorraine très éprouvée par les bombardements et les combats qui ont été livrés sur son territoire, Achen compte 9 tués et 8 blessés. Évacuée d'office dès septembre 1939, la population, à son retour en octobre 1940, fut l'objet de nombreuses vexations et sollicitations de la part de l'ennemi, mais elle resta fidèle à la Mère Patrie. Par son attachement à la France et par ses sacrifices, Achen s'est acquis des droits à la reconnaissance du Pays.

Op dem Ruisseau d'Aachen gouf et e puer Millen; eng dovun ass d'Walkmillen, déi vu 1546 u bekannt ass, an déi mat verschiddenen Ëmännerunge bis 1908 a Betrib war.

Eng Uelegmille gëtt vu 1725 un ernimmt a war a Betrib bis 1971.

Wopen änneren

Achen krut säi Wopen de 14. Mäerz 1950 duerch en Arrêté préfectoral

Beschreiwung am Originaltext:

Coupé de gueules au chevron ployé d'argent et à deux clés d'or réunies en chevron versé brochant et d'or à la Croix de Lorraine de gueules.

Den ieweschten Deel ass aus dem Wope vun de Grofe vu Petite-Pierre, an den ënneschten Deel ass aus dem Wope vun de Grofe vu Bitche. Déi zwéi Schlëssele sinn d'Insignë vum Hellege Péitrus, Patréiner vun der Par.

Bekannt Leit änneren

Kuckt och änneren


Quellen änneren

  • Les moulins et scieries du Pays de Bitche, Joël Beck, 1999.
  • Rohrbach-lès-Bitche et son canton, Joël Beck, 1988.
  • Le canton de Rohrbach-lès-Bitche, Joël Beck, 2004.
  • Le Pays de Bitche 1900-1939, Joël Beck, 2005.