Abel (Moundkrater)

Moundkrater

Den Abel ass en ale Moundkrater am Nordweste vum Mare Australe op der viischter Moundsäit. Hie läit südlech vum Barnard-Krater.

Abel
Koordinaten 34°37'48"S, 85°46'48"O
Duerchmiesser 137 km
Déift 1.190 m
Selenographesch Längt 276° bei Sonnenopgank
Genannt no Niels Henrik Abel
Genannt am Joer 1964
Moundvéiereck LQ28

De Rand vum Krater ass staark erodéiert an onreegelméisseg. Hie gouf vun e puer Aschlagkrateren ageschnidden an iwwerlagert. De Krater Abel A iwwerlagert de südleche Rand, wärend den Abel M an den Abel L an de westleche Kraterrand andréngen.

Déi bannenzeg Fläch am Oste gouf vu Lava-Flëss nei geformt, soudatt eng relativ glat Fläch mat wéineg Albedo entstanen ass. Am Westen ass den Ënnergrond méi rau an d'Albedo entsprécht där vum Terrain, deen ëm de Krater läit.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 36,6° S, 86° O7 19 km [1]
B 36,7° S, 82,8° O7 41 km [2]
C 36° S, 81° O7 31 km [3]
D 37,7° S, 87,7° O7 30 km [4]
E 37,8° S, 86,5° O7 13 km [5]
J 35,5° S, 79° O7 11 km [6]
K 35° S, 77,2° O7 9 km [7]
L 34,4° S, 82,6° O7 67 km [8]
M 32,2° S, 83,6° O7 81 km [9]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Abel – Biller, Videoen oder Audiodateien