Abdulla Yameen

maldivesche Politiker


Den Abdulla Yameen Abdul Gayoom Yameen, gebuer den 21. Mee 1959 zu Malé, ass e maldivesche Politiker vun der Progressiver Partei vun de Maldiven. Hie war vum 17. November 2013 bis de 17. November 2018 de 6. Staatspresident vun de Maldiven.

Abdulla Yameen
Funktioun
Biographie
Gebuer 21. Mee 1959
Malé

Liewen änneren

De Yameen ass de klengen Hallefbrudder vum Maumoon Abdul Gayoom, deen 3 Joerzéngte Staatspresident op de Maldive war. De Yameen ass op d'Majeediyya-School gaangen an huet op der Amerikanescher Universitéit Beirut an op der Claremont Graduate University studéiert. Vun 1993 bis zu senger Wal zum Staatspresident war hien Deputéierten an Oppositiounsleader am maldivesche Parlament.

De 7. September 2013 huet de Yameen d'Presidentschaftswale gewonnen[1] a gouf de 17. November dem Mohammed Waheed Hassan säin Nofollger.

2018 huet hie bei de Presidentschaftswale kandidéiert, fir erëmgewielt ze ginn, huet dës awer géint den Ibrahim Mohamed Solih verluer. Am Februar 2020 huet hien eng Prisongsstrof wéinst Geldwäsch ugetrueden.[2]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. FAZ.net:Malediven, Autokraten Bruder Yameen gewinnt Wahl
  2. 'Home Minister meets jailed ex-pres' Avas Online, 24 Feb. 2020.