Den Abdou Diouf, gebuer de 7. September 1935 zu Louga am Senegal, war e senegaleesesche Politiker. Hie war den zweete President vum Senegal (1981-2000), nodeem säi Virgänger Léopold Sédar Senghor den 31. Dezember 1980 zeréckgetrueden ass. Den Diouf war vun 1970 bis 1980 Ministerpresident vum Senegal.

Abdou Diouf
Gebuer 7. September 1935
Nationalitéit Senegal, Frankräich
Educatioun Universitéit Panthéon-Sorbonne,
Universitéit Cheikh Anta Diop
Aktivitéit Politiker, Affekot

Bei de follgende Walen 1983, 1988 an 1993 gouf hien erëmgewielt. Am Joer 2000 gouf en awer bei de Wale vum Abdoulaye Wade iwwerstëmmt. Den 1. Abrëll 2000 huet hien deemno säin Amt zu Gonschte vum Wade néiergeluecht.

Hie krut 1996 de Grand Prix de la Francophonie de l'Académie française a war vun 2003 bis 2014 President vun der Organisation internationale de la francophonie[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Abdou Diouf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Donnéeen op der franséischer Wiki