Abd ar-Rahman as-Sufi

perseschen Astronom

Den Abd ar-Rahman as-Sufi, gebuer de 7. Dezember 903 a gestuerwen de 25. Mee 986, och ënner den Nimm Abd al-Rahman al-Sufi, oder Abd al-Rahman Abu al-Husain an an der westlecher Welt als Azophi bekannt, war e perseschen Astronom.

Abd ar-Rahman as-Sufi
Gebuer 7. Dezember 903 jul.
Gestuerwen 25. Mee 986 jul.
Aktivitéit Astronom, Iwwersetzer, Mathematiker, Astrolog, Dichter

Liewen a Verdéngschter änneren

 
D'Stärebild Sagittarius aus dem Buch vun de Fixstären

Hien huet zu Isfahan um Haff vum Emir Adud ad-Daula gelieft an hat sech mat Wierker vu griicheschen Astronome befaasst, besonnesch déi vum Claudius Ptolemäus, deem säi „Grousst astronomescht System“ ëm 800 an d'Arabescht iwwersat gouf („Almagest“).

Den as-Sufi hat en ettlech Korrekturen an der ptolemäescher Stärelëscht gemaach, déi besonnesch unhand vun eegenen Observatiounen iwwer d'Hellegkeet gemaach goufen. Hien hat och versicht, déi griichesch an traditionell arabesch Stären- a Stärebildnimm a Bezéiung ze setzen. Hien hat och ënner anerem d'Berechnung vum Sonnejoer verbessert an hat sech mam dem villsäitege Benotze vum Astrolabium beschäftegt.

Hien hat och observéiert, datt de Plang vun der Ekliptik am Verhältnes zum Himmelsequator gebéit ass an hat eng genee Berechnung vum tropesche Joer gemaach.

De Moundkrater Azophi (Duerchmiesser 47 km) an den Asteroid (12621) Alsufi droe säin Numm.

Haaptwierk änneren

Den as-Sufi hat säin Haaptwierk, d'Buch vun de Fixstären ëm d'Joer 964 op Arabesch, der Bildungssprooch vum Islam verëffentlecht. D'Buch stellt eng Bréck zum Almagest vum Ptolemäus duer. Et enthält Illustratioune vu Stärekonstellatioune souwéi Beschreiwunge vu Stären, mat hirer Positioun, Hellegkeet a Faarf. D'Wierk gouf no Stärebiller zesummegefaasst.

Doran ernimmt hien ë. a. souwuel déi grouss Magellanesch Wollek, déi hien al-Bakr (de wäissen Ochs) genannt huet, wéi och den Andromedaniwwel, laang ier déi éischtgenannt vum Ferdinand Magellan als éischten Europäer gesi gouf, an dee leschtgenannten nach virun der Erfindung vum Teleskop am Joer 1612 vum Simon Marius zeréckentdeckt gouf.

Literatur änneren

Wierkausgaben
Sekundärliteratur

Biller änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Abd Al-Rahman Al Sufi – Biller, Videoen oder Audiodateien
Abd ar-Rahman as-Sufi
Gebuer 7. Dezember 903 jul.
Gestuerwen 25. Mee 986 jul.
Aktivitéit Astronom, Iwwersetzer, Mathematiker, Astrolog, Dichter
 

Referenzen änneren