A Véier gedeelt (Hiriichtung)

A Véier gedeelt war eng besonnesch grujeleg Manéier, fir een zum Doud Verurteelten hinzeriichten. Si gouf am Mëttelaalter an och nach an der fréier Neizäit benotzt. Kinneksmäerder goufen an der Reegel a munneche Länner sou gestrooft. D'Hiriichtung huet an deem Fall dora bestanen, fir engem d'Äerem an d'Been auszeräissen, soudatt de Verurteelten a véier gedeelt gouf. Ee Glidd ass nämlech bei där Method bis zum Schluss mam Kierper verbonne bliwwen. D'Auserneerappe gouf mat Päerd oder Ochsen déi un d'Glidder ugestréckt goufen, an an déi verschidde Richtungen hu missen zéien, ausgefouert. An de meeschte Fäll ass de Verurteelte virdrun ëmbruecht ginn.

Dierick Bouts: Martyrium vum Hellegen Hippolyt, 1470-1475

Bekannt Personnagen, déi sou higeriicht goufen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: A Véier gedeelt – Biller, Videoen oder Audiodateien