AVL-Linn 32

Stater Buslinn (AVL)

D'AVL-Linn 32 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 vu méindes bis freides all 30 Minutten um Trajet Kierchbierg, Mischekopp - Uewerstad - Eech - Dummeldeng, Parc de l'Europe an zeréck. Zanter dem 11. September 2022 ass d'Halt Mischekopp um Kierchbierg den offiziellen Terminus vun der Linn, virdru war et just eng betriblech Halt.

AVL-Linn 32
Kierchbierg - Dummeldeng
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg
vu(n) Kierchbierg, Mischekopp 49°37'50,09"N, 6°9'5,26"O
op Dummeldeng, Parc de l'Europe 49°38'19,7452"N, 6°8'39,3061"O
iwwer Kierchbierg, Uewerstad, Lampertsbierg, Eech, Dummeldeng
Bustyp Standardbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 10.405 m, 11.218 m
Fuerzäit 33 min, 33 min
mëttel Vitess 18,92 km/h, 20,40 km/h

Wéi am Dezember 2020 d'Tramslinn T1 bis op d'Gare verlängert an den AVL-Reseau ugepasst gouf, ass d'Linn 32 an d'Liewe geruff ginn, absënns fir eng direkt Verbindung vum „alen“ mam „neie“ Kierchbierg an doriwwer eraus bis an d'Stad bäizehalen.

Halten op der Linn 32 änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 32 Bemierkung
  Mischekopp
  Kirchberg, Kierch
  Paul Noesen
  Prince Félix
  Paul Noesen
  Kirchberg, Kierch
  Schmëdd
  Sichegronn
  Antoine de St Exupéry
  Léon Hengen
  Niedergrünewald
  Philharmonie / MUDAM  
  Rout Bréck - Pafendall      Gare Pafendall-Kierchbierg
  Fondation Pescatore
  Badanstalt
  Crispinus
  Octroi
  Eecher Plaz
  Dommeldange, Contournement
  Dommeldange, Gare   Gare Dummeldeng
  Sidney Thomas
  Van der Meulen
  Jean Engling
  Parc de l'Europe gemeinsamen Terminus mat der Linn 4

Entwécklung vun der Linn 32 änneren

  • virun 2018: et gouf keng Linn mat der Nummer 32
  • 15.10.2018 - 12.12.2020: Houwald, C.I.P.A. - Bouneweg - Verluerekascht - Gare - Stad an zeréck.

D'Streck déi vun deem Dag u gefuer gouf, war aus der fréierer Linn 31 entstanen, déi an zwéin Deeler opgespléckt gouf. D'Linn 32 ass dunn nees op Deeler vun der Streck vun der aler Linn J2 gefuer, déi bis Mee 2015 bestanen huet.

Wéinst dem Tramsschantjen ass d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad vum 3. November 2019 un iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck ëmgeleet ginn[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 32 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019