Den 20th Century Limited war an Amerika ee vun de bekanntsten Zich an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert. Den Zuch, deen der New York Central Railroad gehéiert huet, ass tëscht New York a Chicago op der sougenannter Water Level Route laanscht de Floss Hudson gefuer. Déi Linn stoung an direkter Konkurrenz mat der Broadway Limited - Linn, déi der Pennsylvanya Railroad gehéiert huet.

D'Lokomotiv Hudson J1

Den Zuch huet seng éischt Faart de 17. Juni 1902 gemaach, an huet fir déi 1.500 km laang Streck fofzéng an eng hallef Stonne gebraucht, dat waren iwwer 4 Stonne manner, wéi d'Zich virdru gebraucht hunn. Bei der Arrivée zu Chicago hat en eng Avance vun 3 Minutten op de geplangten Horaire.

Den 20th Century Limited krut seng Renommée awer net nëmmen duerch seng Vitess, mä och duerch de Luxus, deen e senge Passagéier offréiert huet. Op all Gare louchen op de Quaien, wann den Zuch gehalen huet, rout Teppecher déi speziell dofir fabrizéiert goufen.

Den Zuch gouf haaptsächlech vu schwéieren Damplokomotiven aus der Serie Hudson J1 gezunn. Et waren dëst Lokomotive mat der Achsefolleg 2-3-2, mat ugekoppeltem Tender.

Um Spaweck änneren

Commons: 20th Century Limited – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Den 20th Century Limited