11. Arrondissement vu Paräis

ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis


Den 11. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de Popincourt) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. Et ass en diskreeten an e manner touristeschen Arrondissement wéi anerer. En huet eng aussergewéinlech Roll an der Geschicht vu Paräis a vu Frankräich gespillt. E louch am Häerz vum revolutionäre Frankräich a vun de groussen Aarbechterrevolte vum 19. Joerhonnert.

11. Arrondissement vu Paräis
Quartieren Folie-Méricourt,
Saint-Ambroise,
Roquette,
Sainte-Marguerite
Buergermeeschter François Vauglin
Awunner 142.583
Fläch 3,67 km²
Postcode 75011
INSEE-Code 75111
Koordinaten 48°51'31,24"N, 2°22'45,50"O

Am 11. Arrondissement gouf et fréier haaptsächlech Handwierksbetriber, haut ass et éischter e populären Arrondissement mat Baren an Diskothéike ronderëm der Place de la Bastille, der Rue Oberkampf an der Rue de Lappe.

Geographesch Lag änneren

Den 11. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un den 20., am Westen un den 3. an den 10., am Norden un den 19. an am Süden un den 12. Arrondissement.

Quartieren änneren

Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:

  • 41. Quartier de la Folie-Méricourt
  • 42. Quartier Saint-Ambroise
  • 43. Quartier de la Roquette
  • 44. Quartier Sainte-Marguerite

Biller änneren

Kuckeswäertes änneren

Kleng Auswiel:

  • Le Cirque d'hiver
  • Bataclan
  • Musée Édith Piaf
  • Kierch Saint-Ambroise

Um Spaweck änneren

Commons: 11. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren