.kp ass den Nationalen Top-Level-Domän vun Nordkorea.

Nordkorea huet 2004 eng éischt Demande gemaach, fir .kp als National Top-Level-Domän ze kréien, mä d'ICANN huet refuséiert, well d'Land net genuch Informatioune ginn huet. No engem weidere gescheiterte Versuch 2006 an der Visitt vun enger ICANN-Delegatioun an Nordkorea ass déi Demande dunn accordéiert ginn a .kp ass de 24. September 2007 geschaf ginn.