.dd war als Nationalen Top-Level-Domän vun der DDR geschaf ginn. Se gouf awer ni zougedeelt. Wéi d'DDR sech mat der BRD vereenegt huet, do gouf.de weider benotzt an et bestoung kee Besoin méi fir eng eegestänneg ccTLD.dd. Den ISO 3166-1 Code DD gouf dofir 1990 offiziell suppriméiert.