Den (944) Hidalgo ass en Asteroid, deem seng extreem elliptesch Bunn vun der bannenzeger Haaptasteroidenceinture (Perihel 1,9507AE) bis déi Säit vun der Saturnbunn (Aphel 9,5417 AE) verleeft. Dobäi ass d'Bunn mat 42,5641° staark géint d'Ekliptik gebéit.

(944) Hidalgo
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Zentauren
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 5,7462 A.E.
Exzentrizitéit 0,6605
Sideresch Ëmlafzäit 13,775 Joer
Mëttel Bunnvitess 12,43 km/s
Inklinatioun 42,5641 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 38 km
Mass 8,4 × 1015 kg
Rotatiounsperiod 10,063 h
Albedo 0,060
Absolut Hellegkeet 10,348M
Spektralklass D
Entdeckung
Entdecker Walter Baade
Entdeckungsdatum 1920
Plaz Observatoire vun Hamburg
Aner Bezeechnungen 1920 HZ

Ëmlafbunn änneren

 
D'Ëmlafbunnn vum Hidalgo

Fir een Ëmlaf ëm d'Sonn brauch den Hidalgo 13,8 Joer. Déi aussergewéinlech Bunn léisst dorop schléissen, datt et sech beim Hidalgo ëm d'Reschter vun engem Koméit handele kéint. Dofir schwätzen och seng kleng Albedo vun 0,06 a seng spektral Eegenschaften. Säin Duerchmiesser ass zirka 38 km. Den Hidalgo ass den eenzege bekannten Objet, deen därmoossen un d'Saturnbunn erukënnt, ouni se ze kräizen. Säi staark géint d'Ekliptik gebéite Bunnplang (43°) ass méiglecherweis op Stéierungen duerch d'Schwéierkraaft vum Jupiter zeréckzeféieren.

Entdeckung änneren

Den Asteroid gouf den 30. Oktober 1920 vum Walter Baade am Observatoire vun Hamburg zu Hamburg-Bergedorf entdeckt.

Numm änneren

Däitsch Astronome konnten déi total Sonnendäischtert den 10. September 1923 a Mexiko observéieren, dobäi goufe si vum deemolege mexikanesche President empfaangen. Als Merci dofir gouf den Asteroid nom mexikaneschen Nationalheld Miguel Hidalgo y Costilla (1753-1811) genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie