Den (3) Juno (Symbol: ⚵) ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture. Hie gouf den 1. September 1804 vum Karl Ludwig Harding als drëtten Asteroid entdeckt an no der Juno, der héchster réimescher Gëttin, genannt. Den Asteroid Juno gouf no senger Entdeckung genee sou wéi d'Asteroiden (1) Ceres an (2) Pallas am Ufank als vollwäertege Planéit klasséiert. Eréischt no 1847 gouf tëscht Asteroiden a Planéiten ënnerscheet. Seng Bunn gouf an den 1810er Joren zu Göttingen ënner Leedung vum Carl Friedrich Gauß vum Friedrich Ludwig Wachter berechent.

(3) Juno
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,670 A.E.
Exzentrizitéit 0,2550
Sideresch Ëmlafzäit 4 a 133 d
Mëttel Bunnvitess 17,9 km/s
Inklinatioun 12,98 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 290 × 245 km
Mass 2,82 • 1019 kg
Mëttel Dicht 4,2 g/cm3
Rotatiounsperiod 7,2 h
Albedo 0,24
Absolut Hellegkeet 5,3M
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker K. L. Harding
Entdeckungsdatum 1. September 1804
Plaz Observatoire vu Lilienthal

Ëmlafbunn änneren

De Juno beweegt sech op engem Ofstand vun 1,98 (Perihel) an 3,36 (Aphel) AE a 4,36 Joer ëm d'Sonn. D'Ëmlafbunn ass 13,0° géint d'Ekliptik gebéit, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,26.

Eegenschaften änneren

De Juno huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 267 km. Seng Mass gouf zu 2,82×1019 Kilogramm berechent. En huet eng relativ hell Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,24. Wärend der Oppositioun erreecht en eng visuell Magnitude vu bis zu 7,7 mag an ass domat ee vun den hellsten Asteroiden um Himmel. A ronn 7,2 Stonne rotéiert en ëm déi eegen Achs.

Am Joer 1996 (Resultater goufen am Joer 2003 publizéiert) gouf de Juno mat Hëllef vun engem 2,5-Meter-Spigelteleskop vum Mount Wilson-Observatoire an enger adaptiver Optik grëndlech ënnersicht. D'Ënnersich hu gewisen, datt de Juno en onreegelméissegen Himmelskierper ass, mat enger Form, déi un eng Gromper erënnert. D'Fotoen am Infraroutberäich weisen e ronn 100 km groussen Impaktkrater, dee warscheinlech viru geologesch kuerzer Zäit entstanen ass. [1] Spektroskopesch Ënnersich loossen drop schléissen, datt de Juno den Ufankskierper vu Gewéinleche Chondritte kéint sinn, enger heefeger Grupp vu Steemeteoritten, déi aus eisenhaltege Silikatkonglomeraten, wéi Olivin a Pyroxen opgebaut sinn.

De Juno war den éischten Asteroid, bei deem eng Stärebedeckung observéiert gouf. Den 19. Februar 1958 war de Juno genee virun engem liichtschwaache Stär laanschtgezunn an hat dee fir en ettlech Sekonne verdäischtert. Zanterhier si schonn en ettlech Stärebedeckunge vum Juno observéiert ginn. D'Gréisst vum Juno gouf bei dësen Observatiounen op 290×245 km bestëmmt.

Animatioun 
De Juno beweegt sech virum Stärenhannergrond.
Stärefeldauszuch 
De Juno wärend der Oppositioun vun 2009.
Gréisstenënnerscheeder
 
Déi éischt 10 Asteroide profiléiert géintiwwer dem Äerdmound. 3 Juno ass deen Drëtte vu lénks.

Literatur änneren

  1. Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics Press Release: Release Number 03-18, 6. August 2003: Asteroid Juno Has A Bite Out Of It: Pressemitteilung auf dem Server des Harvard-Smithsonian Center abrufbar: http://cfa-www.harvard.edu/press/pr0318image.html

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Juno (Asteroid) – Biller, Videoen oder Audiodateien