(1866) Sisyphus

Asteroid

Den (1866) Sisyphus ass en äerdnoen Asteroid vum Apollotyp.

(1866) Sisyphus
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,8940 A.E.
Exzentrizitéit 0,5387
Sideresch Ëmlafzäit 952,05 Deeg
Mëttel Bunnvitess 21,64 km/s
Inklinatioun 41,174 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 8,5 km
Rotatiounsperiod 2,4 Stonne
Albedo 0,15
Absolut Hellegkeet 12
Spektralklass S-Typ
Entdeckung
Entdecker Paul Wild
Entdeckungsdatum 5. Dezember 1972
Aner Bezeechnungen 1972 XA


Den Asteroid gouf de 5. Dezember 1972 vum Paul Wild entdeckt an ass no der Sisyphos, enger bekannter Figur vun der griichescher Mythologie, genannt.

De Sisyphus beweegt sech tëscht 0,8738 AE (Perihel) an 2,9142 AE (Aphel) a ronn 2,6 Joer ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,5387, d'Bunn ass mat 41,174° ongewéinlech staark géint d'Ekliptik gebéit.

De Sisyphus ass en Asteroid vum S-Typ mat enger Albedo vun ongeféier 0,15. En dréint sech an nëmmen 2,4 Stonnen ëm déi eegen Achs an huet also eng aussergewéinlech séier Rotatioun. Mat engem Duerchmiesser vun iwwer 8 km ass de Sisyphus dee gréisste bekannten Apollo-Asteroid.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren