Štefánik-Observatoire

De Štefánik-Observatoire (tschechesch: Štefánikova hvězdárna) ass en Observatoire um Petřín-Hiwwel am Zentrum vu Prag. Et gouf 1928 gegrënnt an ass nom slowakeschen Astronom Milan Rastislav Štefánik genannt. De Schwéierpunkt vum Observatoire läit haut doran, d'Astronomie an déi ugrenzend Wëssenschaften engem breede Publikum zougänglech ze maachen.

Štefánik-Observatoure
D'Haaptinstrument vum Observatoire, en Zeiss-Duebelrefrakter aus dem Joer 1908
Monument vum Milan Rastislav Štefánik virun der Sonnenauer

Instrumenter änneren

D'Haaptteleskope sinn, an der Haaptkuppel, dem Wiener Selenograph Rudolf König säin Zeiss-Duebelrefrakter (zanter 1928), an an der westlecher Kuppel e Maksutov-Cassegrain-Teleskop (zanter 1976). Déi ëstlech Kuppel vum Observatoire gëtt nëmme fir wëssenschaftlech Observatioune gebraucht an huet zanter 1999 e 40 cm-Meade-Spigelteleskop.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Štefánik-Observatorium – Biller, Videoen oder Audiodateien